Sport, Spill a Spaass fir Grouss a Kleng, Jonk an Al, ënnert dem Motto organiséiert
LowPointRun a.s.b.l. Päischtméindeg,de 25. Mee 2026 fir zweet Kéier,
e flotte Familljendag matt sportlicher Aktivitéit op der Spatz zu Wasserbëlleg,
dem déifste Punkt vum Land!
Deen Dag fannen 3 verschidde Coursen statt, e Kannerlaf vun 800 m ,e 5 km Laf
an een 10 km Laf. Start an Zil vun de Leef si jeeweils op der
"Spatz", dohier de Numm LowPointRun!
5 km Laaf 09:30 Auer - 10 €
Kannerlaf 10:30 Auer - Gratis
10 km Laf 11:15 Auer - 15 €
D´Haaptcourse féiert d´Leefer duerch di ganz Gemeng.
Fir d´éischt geet et laanscht d´Sauer duerch d´Nei Mëtt vu Waasserbëlleg.
dann iwwert de Bocksbierg rop duerch de Wéngert op Mäertert,
wou mer dann duerch de schéine Park iwwert d´Musel zréck op d´Spatz lafen!